Fondation Ste Zithe

Mir sinn d‘Zitha

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen.

Mir hunn eng nei Telefonsnummer

Eis
Wäerter

Wäerter a Wäerteaarbecht sinn an eisen Haiser an am geschichtlechen Hannergrond vun den Tertiar-Karmelitinnen (ZithaSchwësteren) fest verankert.

Kongregatioun
vun den Tertiar-Karmelitinnen

D’Schwëstere vun der Kongregatioun, besser bekannt ënnert dem Numm ZithaSchwësteren, kucken haut op eng bal 150-järeg Geschicht vun Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet zeréck.

Carmelite Sisters
Malawi

Inspiréiert vun der Missiounsaarbecht vun den ZithaSchwëstere gouf déi malawesch Sektioun vum Uerden, d‘Carmelite Sisters, gegrënnt.

Fondation
Ste Zithe

D’Stëftung setzt sech a fir Leit, déi Hëllef brauchen, fir al a krank Mënschen, a widmet sech sozialen a karitativen Zwecker zu Lëtzebuerg an am Malawi.

ZithaSenior
S.A.

Fachgerecht Fleeg, Betreiung, Ënnerstëtzung a Begleedung doheem, an den Dagesfoyeren, an de Senioreresidenzen an an de Seniorien (Fleegeariichtungen).

Moyo Ngwathu
Malawi

Moyo Ngwathu, wat iwwersat “eist Liewen” heescht, ass eng am Malawi registréiert Asbl (ONG).
Moyo Ngwathu ass eise lokale Partner a wäert elo eis Projeten op der Plaz iwwerwaachen an ëmsetzen.

Eng oppen Hand
fir Malawi

Déi lëtzebuergesch ONG Eng oppen Hand fir Malawi leescht an engem vun den äermste Länner an Afrika nohalteg Entwécklungshëllef um Fundament, dat vun den Zitha-Schwëstere geluecht gouf.

Zikomo – Hilfe für Malawi

Zikomo – Hilfe für Malawi ass déi jéngsten Organisatioun vun den ZithaSchwësteren. Zikomo investéiert an d’Zukunft vum Malawi, andeems d’Stëftung begaabte Kanner a Jugendlechen eng Bildungschance gëtt a se duerch Schoulsubsidë fërdert.

ZithaMobil an ZithaFoyers

A sengem eegenen Doheem al ginn, dat wënsche sech déi meeschte Leit. ZithaMobil & ZithaFoyers maachen dat méiglech.

ZithaAktiv

Gesondheet bréngt Liewensqualitéit – bleift Ärem Alter e Schratt viraus mat ZithaAktiv.

ZithaKiné

An all Alter ka Kinesitherapie dozou bäidroen, eng ganz Rei vu gesondheetleche Problemer ze verhënneren, ze verbesseren oder ze behandelen.

ZithaRésidences

Wäitleefeg, héichwäerteg amenagéiert, stilvoll Wunnenge mat barriärfräien Ariichtunge fir autonom Senioren.

ZithaUnit

Laangzäitversuergung vu Mënsche mat chronesch psychiatreschen Erkrankungen – spezialiséiert psychiatresch-therapeutesch Betreiung duerch eng mobil Ekipp vun Therapeuten.

Neuigkeiten

Dieser Bereich befindet sich derzeit noch im Aufbau – An dieser Stelle möchten wir Sie gerne zukünftig über alle Neuigkeiten Informieren.

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.